
Ufank dës Mounts si Videoen aus der Crèche “Lil Blessings” an de sozialen Netzwierker ronderëm gaangen, op deenen ze gesinn ass, wéi vermummt Erzéierinnen d’Kanner froen, ob se béis waren a virun d’Dier gesat musse ginn. Op verschidde Videoen héiert een, wéi vereenzelt Kanner vun Angscht jäizen a kräischen.
Fir d’Fraen tëscht 21 a 44 Joer, déi elo wéinst dem Reproche vu Kannermëssbrauch ugeklot sinn, war hiert Verhale wuel ganz normal. Esouguer beim Iessen ass eng mat der “Scream"-Mask vermummten Educatrice ronderëm d’Kanner geschlach, fir datt déi Kleng um Dësch sëtze bleiwen.
Eréischt nodeems d’Videoen duerch d’sozial Netzwierker gaange sinn a fir Opreegung bei de Leit gesuergt hunn, ass d’US-Justiz op d’Zoustänn an der Crèche opmierksam ginn. Och vill Eltere vun de Kanner waren iwwerrascht iwwer d’Methode vun den Educatricen.
D’Gerante vun der Struktur sot dem “Monroe Journal”, si hätt net gewosst, wat wärend de Betreiungszäiten an hirem Haus geschitt wier. “Dës Leit schaffen net méi fir eis”, sot si. Si géing esou e Verhalen net toleréieren.