No 21 Joer PartnerschaftÉischt gläichgeschlechtlech Koppel huet sech an der Schwäiz bestuet

RTL Lëtzebuerg
En dräivéierel Joer nom Referendum fir d'Aféiere vum Bestietnes tëscht homosexuelle Koppelen an der Schwäiz, huet sech eng lesbesch Koppel d'Jo-Wuert ginn.
© AFP

Dat 46 Joer aalt Aline an hir ee Joer méi jonk Partnerin Laure hu sech no 21 Joer Partnerschaft e Freideg zu Genf vun der Buergermeeschtesch Marie Barbey-Chappuis perséinlech bestuede gelooss.

“Et war immens beweegend. Et ass e grousse Moment an e staarke Message un d’Gesellschaft - dass ee fräi ass, ee gär ze hunn”, sou d’Barbey-Chappuis. “Et war héich Zäit, dass d’Bestietnes fir jiddereen an der Schwäiz agefouert gouf.”

D’Schwäiz ass eent vun de leschte Länner an Europa, dat d’Homo-Bestietnes aféiert. Erlaabt ware bis ewell agedroe Partnerschaften, déi awer rechtlech net engem Mariage gläichgestallt ass. Géigner vum gläichgeschlechtleche Bestietnes haten eng Volleksofstëmmung am September duerchgesat, bei där just 64,1% fir d’Bestietnes fir jidderee gestëmmt hat.

Back to Top
CIM LOGO