
De “Salistick” wier den éischte Schwangerschaftstest, dee mat Spaut funktionéiert, ganz änlech dem System vum Urin-Schwangerschaftstest. Dobäi gëtt e Stick als éischt an de Mond gestach an dono an den Testbehälter. Bannent wéinege Minutte gëtt et dann e Resultat. De Salistick soll ronn 10 Euro kaschten a wier domadder méi gënschteg wéi en normalen Urintest, esou d’Firma.