Räichste Mann op der WeltElon Musk kéint nach e gutt Stéck méi räich ginn

RTL Lëtzebuerg
De räichste Mann op der Welt kéint nach ëm bis zu 870 Milliarden Euro méi räich ginn.
© AFP

Bis zu enger Billioun US-Dollar, ëmgerechent 870 Milliarden Euro, kéint den Tesla-Chef Elon Musk vu sengen Aktionären accordéiert kréien. Dat a Form vun engem Pak mat Parten.

Dräivéierel vun den Aktionären hu fir dës Remuneratioun fir den ëmstriddenen Tech-Entrepreneur ausgeschwat. De Musk hat domat gedreet, de Chefposte bei Tesla opzeginn, sollt de Pak net accordéiert ginn.

Zwou bekannt Consulting-Firmen haten hiren Aktionäre geroden, net gréng Luucht ze ginn. Och grouss Investisseuren ewéi zum Beispill de Staatsfong aus Norwegen haten Oppositioun geleescht.

Allerdéngs muss Tesla Ziler erreechen, fir dass de Musk déi vill Suen astieche kann. Hie selwer behaapt, d’Sue géifen hie net interesséieren. Hie wéilt seng Parte vun der Firma vu 15 op 25 Prozent erhéijen, fir säin Afloss ofzesécheren.

Back to Top
CIM LOGO