derwäert – Episod 7: Max Röf a Maddy KierschtEn eenzegaartegt Familljenierfstéck vum Emil Kierscht

Pitt Wagner
D'Maddy Kirscht an hiren Enkel Max Röf presentéiere bei derwäert e Bild vum Lëtzebuerger Moler Emil Kirscht.
Max Röf a Maddy Kierscht - En eenzegaartegt Familljestéck vum Emil Kierscht
D'Maddy Kirscht an hirem Enkel Max Röf presentéiere bei derwäert e Bild vum Lëtzebuerger Moler Emil Kirscht.

D'Wierk ass zënter Generatiounen an der Famill a gouf esouguer vum Kënschtler selwer agerummt. Fir si steet virun allem den emotionelle Wäert am Mëttelpunkt, gläichzäiteg wëlle si awer och méi iwwert d'Geschicht vum Bild an dem Kënschtler gewuer ginn.

Zesumme mat dem Sophie Becker entdeckt d'Famill, datt et sech ëm e ganz fréit Wierk vum Emil Kirscht handelt. Mike Decker erkläert, wéi de Moler deemools nach no sengem eegene Stil gesicht huet a firwat grad dës Entwécklung d'Bild haut esou interessant mécht.

Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO