Luxembourg Inside - Deel 1En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Dës Woch si mir am Éislek

RTL Lëtzebuerg
Dëse Summer kucke mir eis déi fënnef Regioune vum Land vun hire schéinste Säiten un. All Woch si mir a sechs verschiddenen Uertschaften ënnerwee, déi Dir no an no bei eis um Site entdecke kënnt.
© Domingos Oliveira

Mir fänken eis Summerserie am Éislek un. An de Lëtzebuerger Ardennen am Norde vum Grand-Duché gëtt et nieft ofwiesslungsräichen Trëppelweeër och eng Hellewull Schlässer an aner historesch Gebaier ze entdecken.

D'Veianer Schlass ass eent vun de Warzeeche vum Land. Mat der Fotoausstellung "Family of Man" zu Clierf gëtt et donieft och ee kulturellen Highlight, dee Leit aus der ganzer Welt ulackelt am zum Unesco Weltkulturierwe gehéiert. Fir Geschichtsinteresséierter gëtt et de Militärmusée zu Dikrech an d'Gedenkplaz um Schumann's Eck, wou d'Ardennenoffensiv tëscht 1944 an 1945 besonnesch bluddeg war. Am Summer ass den Éislek och bei Lokaltouristen beléift - besonnesch wann d'Temperature klammen. Déi verschidde Plagë ronderëm de Stauséi sinn da gutt besicht vu Leit, déi op e bëssen Ofkillung hoffen.

De Fotograf Domingos Oliveira war fir RTL am Norde vum Land ënnerwee an huet déi schéinsten Ausbléck a Gebaier festgehalen.

Clierf

Back to Top
CIM LOGO