
Am Minett ass den Numm Programm. De roude Buedem, no deem d'Regioun am Süde vum Land benannt ass, zitt sech net just duerch d'Landschaft, ma och duerch d'Geschicht vu der Regioun. D'Eisenäerz am Buedem gëtt ëm seng roudelzeg Faarf an e war och d'Basis fir d'Stolindustrie, duerch déi d'Land am 20. Joerhonnert zu engem weltwäiten Exportateur gouf. Nach haut prägen Héichiewen, zum Beispill um Belval, d'Landschaft vum Minett.
Déi industriell Vergaangenheet huet mat der Zäit enger räicher kultureller Géigewaart Plaz gemaach. Ee Beispill dofir ass den Usina-Festival zu Diddeleng, oder och de Blues Express-Festival am Fonds de Gras. E bësse manner Steampunk an e bësse méi Märchewelt gëtt et dann am Beetebuerger Park, deen zanter 1956 Kannerhäerzer méi héich schloe léisst. Eise Fotograf Domingos Oliveira huet de Minett vu senge schéinste Säiten agefaangen.
De Fotograf Domingos Oliveira war fir RTL am Minett ënnerwee an huet déi schéinsten Ausbléck a Gebaier festgehalen. All Dag fannt Dir hei eng Galerie vun enger neier Plaz.