Wéi e Schräiner se awer gesinn huet, war hie sech sécher: Dës Fotelle kéinte vill méi al a wäertvoll sinn, wéi et op den éischte Bléck schéngt.
Bäi derwäert erzielt den Olivier dem Mike Fandel, wéi hien déi aussergewéinlech Stécker op engem Online-Floumaart entdeckt huet. D’Caroline Cuny-Desprez mécht sech op d'Sich no hirer Hierkonft a geet der Fro no, ob et sech tatsächlech ëm rar Kannerfotellen aus dem 19. Joerhonnert handelt oder ob sech hannert der Geschicht eppes ganz anescht verstoppt.
Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bäi derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.