"Les Voiles de l'Espoir" ass déi weltwäit gréisst solidaresch Seegelveranstaltung fir Kanner (8-14 Joer), déi Kriibs haten. Déi 13. Editioun ass vum 6. bis den 13. Juni op der Côte d'Azur.
Mat dobäi ass dëst Joer och eng Ekipp aus dem Grand-Duché: d'Team Table Ronde Lëtzebuerg. D'Table Ronde ass eng Associatioun, déi ënner anerem Projete fir de gudden Zweck mécht an ënnerstëtzt. An engem Tagebuch huelen d'Kanner eis Dag fir Dag mat op hir Aventurë wärend hirem Seegel-Tuer.
D’Voiles de l’Espoir, dat ass eng Geschicht fir jonk an al.
D’Kanner sinn all tëscht 8 a 14 Joer al an d’Begleeder bei eis um Boot tëscht 26 an 58 Joer. Den Nathan ass deen eelste vun eiser Ekipp. Fit genuch fir esou eng Woch um Boot an Owes op der Party. A sengem Alter ass hien net nëmme Papp, mee souguer schonn zwee mol Bopa. De Nathan huet Erfarung an eng Engelsgedold.
Gëschter Owend si mer empfaange ginn am "Le Majestic" dem bekannten Hotel zu Cannes. Eng Party wéi fir d’Superstaren, mat Musek, Danz an engem extra Fingerfood Buffet fir d’Kanner!
Elo geet et weider op Villefranche. Déi nächst Etapp Richtung Monaco. An do waarden nach vill Iwwerraschungen!
Bis muer!