Seegel-Tuer: Les Voiles de l'Espoir (Deel 1 vu 7)Den éischten Dag ass ëmmer e bësse speziell

Table Ronde
D'Middegkeet vun der Rees no enger Nuecht am Bus op der enger Säit an d'Euphorie an d'Virfreed op där anerer.

"Les Voiles de l'Espoir" ass déi weltwäit gréisst solidaresch Seegelveranstaltung fir Kanner (8-14 Joer), déi Kriibs haten. Déi 13. Editioun ass vum 6. bis den 13. Juni op der Côte d'Azur.
Mat dobäi ass dëst Joer och eng Ekipp aus dem Grand-Duché: d'Team Table Ronde Lëtzebuerg*. An engem Tagebuch huelen d'Kanner eis Dag fir Dag mat op hir Aventurë wärend hirem Seegel-Tuer.

Den éischten Deel vun hirem Tagebuch

Den éischten Dag ass ëmmer e bësse speziell

D'Middegkeet vun der Rees no enger Nuecht am Bus op der enger Säit an d'Euphorie an d'Virfreed op där anerer.

Les Voiles de l'Espoir: 1. Dag
An engem Tagebuch hëlt eis d'Team Table Ronde Lëtzebuerg op hir Aventure mat.

Dobäi e ganzen Koup Organisatoresches an ëmmer rëm Plënneren a Schleefen. D'Booter musse vun Toulon op Saint Raphaël iwwerfouert ginn. Den Hin an Hier mam Gepäck, den Check-In beim Dokter a wann alles gutt geet, d'Bezéie vun de Booter. Wann alles gutt geet… dëst Joer ass ee Boot wéinst technesche Problemer ze laang hänke bliwwen. De "Mon Bijou" feelt also den éischten Owend. Also rëm ëmorganiséieren. Erëm Hin an Hier mam Gepäck an déi éischt Nuecht gëtt sech also bësse méi gedréckt. 

Mee no deem laangen Dag an der Opening Party si mer all midd genuch, fir direkt ze schlofen. 

Elo kann et lassgoen!

*D'Table Ronde ass eng Associatioun, déi ënnert anerem Projete fir de gudden Zweck mécht an ënnerstëtzt.

Back to Top
CIM LOGO