"Les Voiles de l'Espoir" ass déi weltwäit gréisst solidaresch Seegelveranstaltung fir Kanner (8-14 Joer), déi Kriibs haten. Déi 13. Editioun ass vum 6. bis den 13. Juni op der Côte d'Azur.
Mat dobäi ass dëst Joer och eng Ekipp aus dem Grand-Duché: d'Team Table Ronde Lëtzebuerg*. An engem Tagebuch huelen d'Kanner eis Dag fir Dag mat op hir Aventurë wärend hirem Seegel-Tuer.
Op deene Booter si 4 Kummere fir jeeweils zwee Leit. Mee mir sinn zu 12 :) Déi aner schlofen do, wou se e gemittlechen Eck fannen. Vir an der Spëtzt vum Boot, bannen um ëmgebaute Kannapee… D’Waasser an d’Loft maache midd, mir brauchen net vill Luxus a wie brauch bei deem Wieder schonn eng Kummer?
No engem Dag an der Bucht vun Agay si mer zeréck an den Hafe vu Saint Raphaël komm. Hei ware mer elo zwou Nuechten. De Moien huet eise Skipper eis en décken Teller Paangecher gemaach an elo si mer prett fir op Cannes! 3-4 Stonne wäerte mer ënnerwee sinn.
Vläicht maache mer nach iergendwou eng Paus fir ze schwammen. Mir kachen eppes ënnerwee an da maache mer eis prett fir op eis Schickimicki-Soirée ;)
*D'Table Ronde ass eng Associatioun, déi ënner anerem Projete fir de gudden Zweck mécht an ënnerstëtzt.