derwäert – Episod 14: Theo GrünEng Schatzkëscht voller Familljegeschicht

Pitt Wagner
Den Theo Grün presentéiert bei derwäert eng al Schatzkëscht mat Mënzen a Medailen, déi hien als Kand um Späicher vu senge Grousselteren entdeckt huet.
Theo Grün - Eng Schatzkëscht voller Familljegeschicht
Den Theo Grün presentéiert bei derwäert eng al Schatzkëscht mat Mënzen a Medailen, déi hien als Kand um Späicher vu senge Grousselteren entdeckt huet.

Hannert de Stécker verstoppt sech eng spannend Familljegeschicht, déi bis bei d'Famill vun den Arendbergs zeréckgeet. Elo wëll den Theo endlech erausfannen, wou d'Mënzen hierkommen a wéi vill si haut nach wäert sinn.

Aus enger klenger Schatzkëscht gëtt eng spannend Rees an d'Vergaangenheet. Zesumme mam Sophie Becker kritt den Theo een Abléck an d'Geschicht vu senge Mënzen a Medailen, wéi den Expert Mike Decker hir Hierkonft an hire Wäert erkläert, an den Ënnerscheed tëscht Mënzen a Medailen. En erzielt och d'Geschicht vun der bal 300 Joer aler Schatzkëscht a verréit, wéi eng Stécker fir Sammler besonnesch interessant sinn.

Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO