GriichelandEng schif Kierch gëtt zur Touristenattraktioun

RTL Lëtzebuerg
Am klengen Duerf Ropoto am Zentrum vu Griicheland erweist sech eng kleng Kierch als Touristenattraktioun.

Rieds geet vun der Kierch “Panagia Theotokos”. Dat besonnescht un hir: Si huet eng Pente vu 17 Grad. Wärend d’Kierch am klengen Uert vill Touristen unzitt a sech zu engem reegelrechten Hit an de soziale Medien entwéckelt, huet déi ongewéinlech Lag vum Gebai allerdéngs en eeschten Hannergrond. 2012 koum et zu Ropoto zu engem Äerdrutsch bei deem vill Gebaier zerstéiert goufen. Och d’Kierch ass net verschount bliwwen an den Hang erofgerutscht, ier se no e puer Meter stoe bliwwen ass. Zanterhier huet si dës Pente vu 17 Grad a lackelt Touristen an dat entretemps verloossent Geeschterduerf, an deem fréier nach eng 800 Leit gewunnt hunn.

Back to Top
CIM LOGO