
En Dënschdeg war d’Helen Patton, Enkelin vum General George S. Patton Jr. zu Lëtzebuerg, fir um US-amerikanesche Veterans Day de Graf vun hirem Bop ze besichen. Dat huet déi US-amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg, d’Stacey Feinberg, op Instagram gedeelt.
Den General George S Patton Jr. huet eng essentiel Roll am Zweete Weltkrich bei der Lëtzebuerger Befreiung vun Nazi-Däitschland am September 1944 gespillt. 1945 war hie bei engem Autosaccident ëm d’Liewe komm a gouf nom Begriefnis zu Heidelberg op de Kierfecht zu Hamm verluecht, fir seng Dote fir d’Lëtzebuerger Land am Krich ze éieren.