Op engem AusfluchEnseignante vu franséischer Schoulklass vergësst 3 Kanner op Gare zu Karlsruhe

RTL Lëtzebuerg
D'Schoulklass war e Freideg um Réckwee vun engem Ausfluch. Et sollt vun der Gare zu Karlsruhe nees zeréck op Stroossbuerg goen.
© AFP Archivbild

Wéi den Zuch mat der Klass an der Enseignante schonn um Wee a Frankräich war, stounge 3 Schüler vun 13 Joer nach um Quai. Déi Vergiessen wousste sech ze hëllefen an hu sech beim Reeszentrum vun der Däitscher Bunn gemellt. D’Beamten hunn doropshin d’Police informéiert.

D’Polizisten hunn d’Kanner an Ophutt geholl, bis d’Léierin mam nächste Zuch vu Stroossbuerg nees zeréck a Karlsruhe gefuer koum.

Back to Top
CIM LOGO