Eng Spuer vun Olympia"Et geet net ëm d'Gewannen, mee drëm, dobäi ze sinn"

Pierre Weimerskirch
Dat wichtegst bei den Olympesche Spiller ass net d'Gewannen, mee kënne mat dobäi ze sinn. A véier Alters- a Fleegeheemer am Land gouf dat dës Woch gelieft.

Déi lescht Statioun vun der Olympiad fir Seniore war um Freidegmëtteg am Alters-a Fleegeheem zu Beetebuerg. D’Stëmmung war geloossen, den olympesche Geescht gouf gefeiert. Virun allem eeler Dammen hunn un dëser Olympiad deelgeholl, ënnert den Damme waren zwee Hären.

Och am Alter ass Beweegung wichteg

Matgemaach hunn d’Residencë fir eeler Leit aus Nidderaanwen, Bieles, Beetebuerg a Waasserbëlleg. Déi eenzel Haiser hunn op 4 Deeg iwwert de ganzen Dag sportlech Aktivitéiten organiséiert. Virun allem de Spaass stoung am Vierdergrond.

D’Iddi, eng Olympiad fir Senioren ze organiséieren, koum vum Geoffrey Toffano aus der Residenz “An de Wisen” zu Beetebuerg.
“D’Grondkonzept war et, d’Bewunner an d’Personal aus verschiddenen Haiser beieneenzebréngen. Mir haten all Dag an engem aneren Haus verschidde sportlech Aktivitéiten organiséiert.”

Ee Joer huet d’Preparatioun gedauert. D’Residenten hunn déi lescht dräi Méint trainéiert, mat ënnert anerem dem Zil, d’Mobilitéit vun den Dammen an Hären ze stäerken. “D’Leit hunn extrem vill Kapazitéiten a Ressourcen, mir wollten dat weisen”, esou den Geoffrey Toffano.

Et wier e grousse Succès gewiescht, jidderee wier zefridde gewiescht, esou ee vun de Responsabele vum Projet. Et ass een elo scho sécher, dass dat nach emol organiséiert gëtt.

Geoffrey Toffano
Geoffrey Toffano

“Et geet eis och dorëms, ze weise wat mir kënnen”

D’Anne Molitor huet 87 Joer an huet e bëssen iwwer dat erzielt, wat déi lescht Deeg esou lass war. “Mir gefält ëmmer alles an ech sinn iwwerall dobäi.” Mat engem klenge Schmunzele sot d’Fra: “Se wäerten eis jo net elo mat op Paräis schécken.”

Dat flottst un der Olympiad wier gewiescht, aner Leit ze treffen a sech zesummen ze beweegen. Den Éiergäiz huet ee bei ville Residentë gespuert.
“Et ass net, dass ech muss gewannen, mee dat mécht scho Spaass”, esou d’Fra vu 87 Joer. “Ech hätt gär och schonn a menger Kandheet Sport gemaach, mee dat war éischter eppes fir Jongen, ech als Meedche konnt dat net maachen.”
Dat wier deemools esou gewiescht. Sech elo am Alter kënnen esou gutt et geet ze beweegen, wier hir wichteg.

Jidderee war Gewënner

Eigentlech gouf et nëmme Gewënner an awer gouf e Klassement gemaach: um Enn vun der Woch hat de Gréngewald (Nidderaanwen) déi meeschte Punkten, dat virun der “Waassertrap” vu Bieles, “An de Wisen” vu Beetebuerg an “Op Lamp” vu Waasserbëlleg. Wann um Enn vun dësem Artikel eng perséinlech Nuance erlaabt ass: Wann een um Enn vum Nomëtteg an d’Gesiichter gekuckt huet, war jiddereen e Gewënner. An an deem Sënn ass d’Iddi vum olympesche Geescht - “Dobäi sinn ass alles” - op d’Residenten iwwergaangen.

Méi Detailer iwwer d’Olympiad fir Seniore gitt Dir d’nächst Woch am Magazin op RTL Tëlee gewuer.

Back to Top
CIM LOGO