An der DiskussiounEU-Parlament wëll Begrëffer ronderëm vegan Fleesch-Alternative verbidden 

RTL Lëtzebuerg
D'EU-Parlament huet dofir gestëmmt, dass vegan Liewensmëttel net méi d’Begrëffer Wurscht, Steak, Eegiel, Eewäiss, Schnitzel oder Burger dierfen notzen.
EU-Parlament wëll Begrëffer ronderëm vegan Fleesch-Alternativen verbidden 
D’EU-Parlament huet dofir gestëmmt, dass vegan Liewensmëttel net méi d’Begrëffer Wurscht, Steak, Eegiel, Eewäiss, Schnitzel oder Burger dierfen notzen.

D’Exklusivitéit fir déi Begrëffer missten déi Liewensmëttel hunn, déi mat Deeler vum Déier produzéiert sinn. Dës Gesetzesännerung ass den 8. Oktober am Kader vun engem méi grousse Projet gestëmmt ginn, deen d’Rechter vun de Landwirte soll verstäerken. D’Gesetzesännerung misst awer nach vun de EU-Memberlänner gestëmmt ginn, fir dass si och a Kraaft trëtt.

Virun e puer Joer gouf et schonn eng änlech Reegelung, déi d’Mëllechindustrie betraff huet. Deemno dierfen zanter 2013 nëmmen nach déi Liewensmëttel de Begrëff Mëllech notzen, déi och vum Déier kommen. Vill Hiersteller sinn dunn op de Wee gaangen hir Produite Soja – oder Haferdrink ze nennen, amplaz Mëllech.

Back to Top
CIM LOGO