
Den US-President Joe Biden gesäit d’Fräiloosse vun der Basketspillerin Brittney Griner aus dem russesche Prisong als eng ‘Prioritéit’, sou seng Spriecherin Karine Jean-Pierre. D’Griner gouf Mëtt Februar um Flughafe Scheremetjewo zu Moskau festgeholl. Den Autoritéiten no goufen E-Zigarette mat Cannabis-Ueleg an der Sportlerin hirem Gepäck fonnt. De Betrag war dem Parquet no manner wéi ee Gramm vu Cannabis an zolitter Form.
De Prozess géint d’Spillerin vun der US-Profiliga WNBA huet e Freideg ugefaangen. Op Drogeschmuggel kann ee bis zu 10 Joer am Prisong kréien. Déi nächst Auditioun gouf op den nächsten Donneschdeg gesat.
De Spriecher vum US- Ausseministère, Ned Price, huet en Dënschdeg erkläert, dass d’Regierung dogéint kämpfe wëll, dass “Amerikaner oder aner Auslänner illegal festgehale géife gi fir politesche Gewënn”.
Der Griner hirer Famill a Kolleegen no géif net genuch gemaach gi fir hir Fräiloossung.