Wuppertal (D)Fënnef Joer Prisong fir déidlech Silikonsprëtz an de Penis

RTL Lëtzebuerg
E 46 Joer ale Mann gouf zu fënnef Joer Prisong verurteelt, well hien engem Bekannte Silikon an de Penis gesprëtzt hat.

Den deemools 32 Joer ale Bekannten ass un de Suitte vun dëser Injektioun gestuerwen, bei him gouf eng Bluttvergëftung a Versoe vu méi Organer festgestallt. De Mann war zwar mat der Silikonsprëtz averstanen, d’Geriicht huet dës Awëllegung awer net akzeptéiert.

Dowéinst gouf de 46 Joer alen Täter vum Landgeriicht Wuppertal elo zu fënnef Joer Prisong verurteelt, dat wéinst Kierperverletzung mat déidleche Suitten an onerlaabt Ausübe vun “Heilkunde”. Well de Risiko besteet, datt den Täter géif flüchten, gouf hien direkt nom Prozess an Untersuchungshaft geschéckt. Wärend dem Prozess hat de Mann d’Dot ëmmer nees ofgestridden, ma dem Geriicht no hunn d’Beweiser awer géint hie geschwat.

Datt hie säi Bekannte bewosst wollt ëmbréngen, hunn d’Riichter awer net als erwise gesinn. D’Urteel ass eréischt rechtskräfteg, wa keng vun den implizéierte Parteien am Prozess an Appell gaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO