E Schrëtt a Richtung LGBTQ+-CommunautéitFlämesch Bëscheef wëllen e Ritual fir gläichgeschlechtlech Koppelen

RTL Lëtzebuerg
An engem oppene Bréif un d'Kierch proposéieren déi flämesch an awer och déi hollännesch Bëscheef zum Beispill e Gebietsakt zesumme mat Famill a Frënn.
© AFP

Allerdéngs betoune si, datt een awer ëmmer nach tëscht gläichgeschlechtlecher an heterosexueller Koppel ënnerscheede misst. Esou misst weiderhin eng Differenz bestoe bleiwen zum Sakrament vum Mariage.

An der Belsch an an Holland gesäit een dës Erklärung als en däitleche Schrëtt op d’LGBTQ+-Communautéit zou. De Vatikan hat zejoert allerdéngs kloer gesot, datt et verbuede wier, homosexuell Partnerschaften ze seenen.

Back to Top
CIM LOGO