
Wéi déi lokal Police matdeelt, huet sech d’Entféierung e Mëttwochowend géint 21 Auer zougedroen.
Déi 24 Joer al Täterin huet sech deemno e Kiddel ugedoen an de Puppelchen aus der Maternité matgeholl. Den Dag drop soll si d’Kand virun enger Wunneng zu Bilbao ofgeluecht hunn. Uschléissend huet si un der Wunnengsdier geschellt an ass direkt verschwonnen.
Weider heescht et, datt d’Fra wuel probéiert hätt, fir eng Rei Puppelcher z’entféieren. Si ass deemno an e puer Spidolszëmmere gaangen, wou sech Mammen ophalen an huet do, ouni Erfolleg, dat nämmlecht probéiert.
En Donneschdegmoien, kuerz virun 11 Auer, konnt si vun der Police festgeholl ginn. D’Autoritéiten hunn deemno och d’Bevëlkerung ëm Mathëllef bei der Sich gebieden.