Op Fluchhafen an AlaskaFra leeft a Fligerpropeller a stierft

RTL Lëtzebuerg
Op engem Fluchhafen an Alaska ass eng Fra an de Propeller vun engem Fliger geroden an op der Plaz un hire Blessure gestuerwen.
Op engem klenge Fluchhafen an Alaska ass et zu deem ongewéinlechen Accident komm.
Op engem Fluchhafen an Alaska ass et zu deem ongewéinlechen Accident komm.
© JUSTIN SULLIVAN/Getty Images via AFP

Um Fluchhafe vu Big Lake am US-Bundesstaat Alaska ass et ugangs der Woch zu engem ongewéinlechen Doudesfall komm. Matten um Rullfeld ass en Dënschdeg eng 38 Joer al Fra mat engem Auto ënnerwee gewiescht, wéi eng Taylorcraft F-19 an hir Richtung gerullt ass. De Pilot ass stoe bliwwe fir ze waarden, dass si d'Feld verléisst. Duerno ass si aus hirem Auto geklommen, op de Fliger duergaangen an an de Propeller geroden, deen nach gedréint huet.

Rettungsdéngschter hunn duerno nach versicht, hiert Liewen ze retten, mee si war dout op der Plaz. Firwat si iwwerhaapt um Rullfeld war an ob dem Pilot säin Handelen zum Ongléck bäigedroen huet, mussen d'Ermëttlungen erginn, déi opgeholl gi sinn. Engem lokalen Tëleessender no soll si keen eegene Fliger besiess oder e Grond gehat hunn, sech an deem Beräich vum Fluchhafen opzehalen. Eng Relatioun zum Pilot, deen net blesséiert gouf, kéint ausgeschloss ginn.

Back to Top
CIM LOGO