Researchers’ DaysWëssenschaft fir unzepaken an der Rockhal

Lynn Cruchten
Experimentéieren, entdecken a selwer d‘Roll vun engem Fuerscher iwwerhuelen: an der Rockhal um Belval dréint sech vum 26. bis den 28. November alles ëm d’Wëssenschaft.
Wëssenschaft fir unzepaken an der Rockhal
Um Belval dréint sech vum 26. bis den 28. November alles ëm d’Wëssenschaft.

Op 35 interaktiven Ateliere ginn déi verschiddenst Fuerschungsberäicher op eng spilleresch a praktesch Manéier vermëttelt. Vun der Biologie iwwer d’Chimie an d’Physik bis bei d’Mathematik: D’Zil ass et, Loscht op Wëssenschaft a Fuerschung ze maachen.

Déi éischt zwee Deeg vun de Researchers’ Days, déi vum Luxembourg National Research Fund (FNR) organiséiert ginn, si fir Lycéesklasse reservéiert. Iwwer 2.200 Schüler hu sech dofir ageschriwwen. E Samschdeg tëscht 10 an 19 Auer ass d'Rockhal da fir de Grand public op. Grouss a Kleng kënnen dann an d'Welt vun de Sciencen andauchen a sech mat de Fuerscher austauschen. Den Entrée ass gratis.

D'Lynn Cruchten vun de Researcher's Days
An der Rockhal um Belval dréint sech vum 26. bis den 28. November alles ëm d’Wëssenschaft.

Back to Top
CIM LOGO