Wéinst engem OnwiederTraditionell Thanksgiving-Parad zu New York verréckelt

AFP, iwwersat vun RTL
Déi traditionell Parad mat hire risege Loftballone lackelt all Joer Millioune Spectateuren op Manhattan.
People pass floats and ballons of Macy's Thanksgiving Day Parade, in the Manhattan borough of New York City on November 26, 2026.
© AFP

Fir déi éischte Kéier an hirer 100 Joer aler Geschicht gouf déi traditionell Macy’s Thanksgiving-Parad zu New York verréckelt. Wéinst engem staarken Onwieder soll se elo e Samschdeg amplaz en Donneschdeg stattfannen.

Staarke Reen a Wand suergen un der US-Ostküst fir massiv Problemer, an dat matten an enger vun de reesintensivste Periode vum Joer. A verschiddenen US-Bundesstaaten sinn iwwer 400.000 Mënschen ouni Stroum. Dausende Flich hu Verspéidung, Honnerte goufen annuléiert.

Fir de Snoopy geet et eréischt e Samschdeg an d'Luucht. Déi scho opgeblase Ballone goufen nees eidel gemaach a sollen e Freideg nach eng Kéier opgeblosen ginn.
Fir de Snoopy geet et eréischt e Samschdeg an d'Luucht. Déi scho opgeblase Ballone goufen nees eidel gemaach a sollen e Freideg nach eng Kéier opgeblosen ginn.
© MANOLI FIGETAKIS/Getty Images via AFP

Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet viru Wandvitesse vu bis zu 65 Kilometer an der Stonn gewarnt. Beem an Äscht kéinten ëmfalen a Stroumleitunge beschiedegt ginn. Am Nopeschstaat New Jersey huet d'Gouverneurin Mikie Sherrill den Noutstand ausgeruff. Hei gëtt och virun Iwwerschwemmungen an de Küsteregioune gewarnt.

Den Organisateuren no hätt d'Sécherheet vun de Participanten an de Spectateuren absolutt Prioritéit. Wärend dem Zweete Weltkrich war d'Parad dräi Joer hannerteneen ausgefall, verréckelt gouf se bis ewell awer nach ni.

Back to Top
CIM LOGO