
Eng 37 Joer al Fra hat um Flughafen Dallas Love Field direkt e puer Mol mat hirer Pistoul an de Plaffong geschoss. Vill Passagéier, déi d’Schëss héieren hunn, hu sech probéiert ze schützen an hu sech ënner anerem hannert hire Wallisse verstoppt oder sinn aus dem Gebai gelaf.
D’Police, déi duerch den Tëschefall alarméiert gouf, war séier op der Plaz. Ee Beamten huet dobäi d’Fra ugeschoss, si huet dono misste behandelt ginn. Si gouf verhaft a koum an d’Spidol. Ausser hir gouf awer keng weider Persoun blesséiert. De Flughafen huet missten evakuéiert ginn a war e puer Stonnen zou.