
Wéi d’Police zu Bangkok e Freideg matgedeelt huet, gouf déi 54 Joer al Fra en Donneschdeg vun hirer Schwëster als vermësst gemellt, nodeems déi si wärend 3 Deeg net erreeche konnt. D’Beamte konnten d’Fra du befreien, nodeems si sech Zougang zur Wunneng verschaaft haten. Iwwerlieft huet d’Fra, déi eleng wunnt, well si Krunnewaasser gedronk huet.
D’Fra wier e Méindegowend an d’Buedzëmmer gaangen, hätt d’Dier zougespaart a wier dunn net méi erauskomm, well d’Dier geklemmt hätt. Doropshi wier d’Klensch ofgebrach.
Hoffnung, rechtzäiteg gerett se ginn, hat si no enger gewësser Zäit net méi. Dowéinst soll si mat Kosmetikartikelen hiert Testament op d’Mauer geschriwwen hunn.
Der Fra geet et dem Ëmstänn entspriechend gutt, heescht et vun der Police. Op eng Ënnersichung am Spidol huet si verzicht.