Partner vu Meloni suergt fir vill OpreegungFrae kéinte Vergewaltegungen evitéieren, wa se net ze vill drénken

RTL Lëtzebuerg
Fir de Partner vun der italieenescher Ministerpresidentin Meloni, den Andrea Giambruno, si Frae selwer responsabel, wa si gedronk hunn a mëssbraucht ginn.
© Andreas Solaro / AFP

Den Tëleespresentateur Andrea Giambruno huet mat Aussoen doriwwer, datt Frae Vergewaltegunge kënnen aus dem Wee goen, wa si net ze vill drénken, fir vill Opreegung gesuergt.

“Wann s de danze gees, hues du och d’Recht, ze drénken. (...) Ma wann s de dech net bewosstlos bedrénks, geschitt dir och näischt. Well dat sinn d’Situatiounen, wou s du dem Wollef begéins”, sot de Giambruno a senger Sendung um rietsgeriichten Tëleessender Rete 4. Mam “Wollef” solle wuel Vergewalteger gemengt sinn. Seng Aussoen an déi vum Editeur vun der rietser Zeitung Libero, dem Pietro Senaldi, an der Sendung hu sech op Mëssbrauchsfäll an Neapel a Palermo bezunn.

D’oppositionell “Fënnef-Stäre-Beweegung” (M5S) huet an enger Reaktioun gesot, datt “dem Giambruno seng Wierder inakzeptabel a fir sech ze schumme sinn” a “si eng vu Männer dominéiert a réckschrëttlech Kultur representéieren”. Och d’Senatorin vun der oppositioneller Partito Democratico, d’Cecilia D’Elia, huet den Andrea Giambruno schaarf kritiséiert: “Si kënnen net anescht, wéi d’Affer ze beschëllegen. Géi net eleng eraus, géi net am Däischteren, déi dech net ze fräizügeg un.” Weider huet si betount: “Wann eng Fra ze vill drénkt, muss si mat Kappwéi rechnen - net mat Vergewaltegung.”

Den Tëlee-Moderator, dee scho méi dacks mat Aussoen ugeeckt ass, refuséiert trotz Kritik un him all Entschëllegung. Hie géing sech net vun engem Politiker virschreiwe loossen, wat hie soe kéint. Hien an d’Giorgia Meloni hunn eng Duechter vu 7 Joer.

Back to Top
CIM LOGO