
Et ass en Timber, wou net just eng Baguette drop ass, mäi deen och nach dono richt.
Den Timber gouf en Donneschdeg, um Dag vum Saint-Honoré, dem Schutzpatréiner vun de Bäcker, an der Imprimerie Philaposte zu Boulazac an der Dordogne presentéiert. D’Oplag läit bei 594.000 Exemplairen.
“D’Baguette, d’Brout vum deegleche Liewen, ass d’Symbol vun eiser Gastronomie, de Bijou vun eiser Kultur”, sou d’franséisch Post op hirem Site. Um Timber fir 1,96 Euro d’Stéck gesäit een deemno eng Baguette mat engem blo-wäiss-roude Band dekoréiert. Se géif souguer no deem traditionelle franséische Brout-Stéck richen.
“De Geroch gouf agekapselt. Mir kafen dee bei enger anerer Firma. D’Schwieregkeet fir eis war et, dës Tënt ze deposéieren, ouni, datt d’Kapsel futtigeet, sou dass de Geroch eréischt duerch d’Reiwe vum Timber duerch de Client entsteet”, beschreift den Damien Lavaud, deen an der Dréckerei schafft.