Autocollant fir ReklammenFrankräich wëll mat Pechbiller de Pabeier-Offall reduzéieren

RTL Lëtzebuerg
An eelef Stied a Gemengen a Frankräich dierfe just nach Reklammen un déi Stéit verdeelt ginn, déi mat engem Sticker op hirer Bréifkëscht dono froen.
© AFP

Esou wëll ee verhënneren, datt Pabeier verbëtzt gëtt, heescht et vun der franséischer Regierung. Enger Etüd vun der ADEME no géif op all sechster Bréifkëscht e Sticker pechen, dee seet, datt ee keng Reklamme wéilt, mä dëse géif d’Bréifdréieren net dovunner ofhalen, Reklammen ze verdeelen. Esou géif all Stot am Joer 26 Kilogramm Reklammen ausgedeelt kréien, obschonn si dës net wéilten.

Mam Jo-Zu-Reklamme-Sticker wéilt een de Spiiss elo ëmdréinen an et géif een hoffen, datt esou manner Pabeier verbëtzt gëtt. De Projet gëtt an enger éischter Instanz just an eelef Gemengen a Stied getest. Dorënner ënner anerem Bordeaux, Grenobel an Nanzeg. Am Ganzen huelen 2,5 Millioune Fransousen un dësem Projet deel. No dräi Joer, wéilt een dann als Regierung e Fazit zéien an iwwerleeën, ob een de Projet a ganz Frankräich ëmsetze wäert.

Back to Top
CIM LOGO