
Mam Doud vum Journalist a Radiosanimateur Philippe Bouvard ass eng bekannte Persoun aus der franséischer Medielandschaft gestuerwen. Hien hat viru bal 50 Joer déi legendär Radiossendung "Les Grosses Têtes" an d'Liewe geruff, déi hie bis 2014 moderéiert huet. Tëscht 1982 an 1986 huet hien donieft d'Tëleesemissioun "Le Petit Théâtre de Bouvard" presentéiert.
"Mat Bedauere si mir vum Doud vum Philippe Bouvard gewuer ginn, (...) dee mat sengem Gesiicht a senger Stëmm RTL 'Les Grosses Têtes' gepräägt huet", huet et e Méindeg de Moien an der Emissioun mam Céline Landreau geheescht, "hien ass de Moie géint 8 Auer friddlech entschlof". Si wier vun der Fra vum fréiere Moderator informéiert ginn.