USAFréiere CIA-Mataarbechter riskéiert 80 Joer Prisong

RTL Lëtzebuerg
Den 33 Joer ale Mann gouf verurteelt, well hie geheim Dokumenter u Wikileaks weiderginn huet. Seng Strof steet awer nach net fest.
© AFP

E fréiere Mataarbechter vum US-Geheimdéngscht CIA ass verurteelt ginn, wëll hie geheim Dokumenter u Wikileaks weiderginn huet.

Eng Jury am US-Bundesstaat New York huet den 33 Joer ale Mann an allen 9 Uklopunkte fir schëlleg gesprach. Hie muss mat bis zu 80 Joer Prisong rechnen.

Wikileaks hat 2017 dausende Säite vu confidentiellen Dokumenter iwwer Softwareprogrammer verëffentlecht, mat deenen d’CIA Smartphonen a Computere vu Verdächtege baussent den USA ausspionéiert huet. Den Ugekloten hatt bis 2016 als Softwareingenieur beim Geheimdéngscht geschafft.

Back to Top
CIM LOGO