
Wéi et vun italieenesche Medien heescht, huet de fréiere Futtballstar en Donneschdegowend den EM-Match tëschent Spuenien an Italien mat senger Famill gekuckt, wéi bemol fënnef arméiert Brigangen d’Villa iwwerfall hunn. De Baggio soll versicht hunn, sech ze wieren, gouf awer vun engem vun den Abriecher mat enger Pistoul op de Kapp geschloen an zesumme mat senger Famill an eng Kummer gespaart. D’Abriecher hu wärenddeem d’Villa no Boergeld an anere Wäertgéigestänn duerchsicht.
Nodeems d’Brigange fort waren huet hien d’Police geruff a koum wéinst senger Platzwonn un der Stier an e Spidol. Den Abroch soll insgesamt ronn 40 Minutte gedauert hunn, esou d’Lokalzeitung “Corriere della Sera”.
De 57 Joer ale Roberto Baggio huet a senger Karriär ënner anerem fir Juventus Turin, Inter Mailand an den AC Mailand gespillt. 1993 gouf hie Weltfuttballer an 1994 Vizeweltmeeschter mat der italieenescher Nationalekipp.