En Zwieleftel vu der LiichtgeschwindegkeetFuerscher fannen de séierste Stär an der Mëllechstrooss

RTL Lëtzebuerg
Grond dofir ass e Schwaarzt Lach, dat de Stär dës Vitess erreeche léisst.
© ALEXANDRA BEIER/AFP

Mat enger Vitess vu 25.000 Kilometer pro Sekonn beweegt sech de Stär mam Numm S301 am Zentrum vun eiser Mëllechstrooss. Dëst ass domadder dee Stär, deen an eiser Galaxie entdeckt gouf, dee sech bei wäitem am séierste beweegt, dat mat ronn 8% vun der Liichtgeschwindegkeet.

Méiglech mécht dat e giganteschen Objet, ëm deen de Stär kreest. Dëst weisen nei Observatioune vun engem internationale Fuerscherteam mam Very Large Telescope Interferometer VLBI vun der europäescher ESO am Chile.

Op senger staark elliptescher Ëmlafbunn kënnt de Stär S301 dem supermasseräiche Schwaarze Lach am Zentrum vun eiser Galaxie esou no, wéi soss keen anere Stär. Wéi bei praktesch all Galaxie ass och an der Mëllechstrooss am Zentrum e Schwaarzt Lach. Schonn ufanks den 90er Joren hunn Astronome Stären observéiert, déi dat Schwaarzt Lach ëmkreesen. Antëscht goufe ronn 40 sougenannten S-Stären fonnt, déi sech an der Ëmlaf vum Black Hole beweegen.

Déi grouss Mass vun dësem Schwaarze Lach zitt dës Stären extreem staark un an erméiglecht doduerch dës héich Vitessen. Berechnunge ginn dovunner aus, dass d'Mass vun dësem Schwaarze Lach ronn 4,3 Millioune Sonnemassen entsprécht. Schonn an e puer Jore kéint et Wëssenschaftler geléngen, mat Hëllef vun der Bunn vum S301 fir déi éischte Kéier d'Rotatioun vun engem Schwaarze Lach ze moossen.

Back to Top
CIM LOGO