166 Millioune Joer alFuerscher fannen iwwer 200 Foussofdréck vun Dinosaurier

RTL Lëtzebuerg
An der brittescher Grofschaft Oxfordshire huet en Aarbechter aus engem Steebroch eng spektakulär Decouverte gemaach.
© AFP

Bei Aarbechte vum Steebroch “Dewars Farm” tëscht London a Birmingham waren engem Mataarbechter Onreegelméissegkeeten um Buedem opgefall. Nodeems eng Ekipp vun iwwer 100 Mataarbechter d’Ofdréck ënnersicht hat, konnt confirméiert ginn, datt et sech dobäi ëm iwwer 200 Dinosaurier-Foussofdréck vu virun ongeféier 166 Millioune Joer handelt. D’Ofdréck selwer sollen immens detailléiert sinn.

D’Universitéite vun Oxford a Birmingham hunn d’Decouverte als “Dinosaurier-Highway” bezeechent, also eng Route, déi vu villen Dinosaurier vu verschiddenen Aarte genotzt goufen. Dorënner héchstwarscheinlech ënnert anerem vum ronn 18 Meter laange Cetiosaurus an och den néng Meter laange Megalosaurus.

Back to Top
CIM LOGO