
Déi wuel gréissten Iwwerreschter, déi an Europa jeemools ausgegruewe goufen, ginn do den Ament zeréck un d’Dagesliicht bruecht.
D’Schanke gehéiere warscheinlech zu engem Brachiosaurier. D’Planzefrësser hu viru ronn 150 Millioune Jore gelieft a goufe 25 Meter laang an 12 Meter héich. Ënnert anerem d’Iwwerreschter vun enger ronn dräi Meter laanger Rëpp hunn d’Fuerscher entdeckt.
D’Skelett gouf schonn am Joer 2017 fonnt, wou de Besëtzer vum Haus de Buedem ëmgegruewen huet, fir eng Annex u säin Haus ze bauen. Amplaz vun Aarbechter koumen dunn awer fir d’éischt emol Paleontologe laanscht. Zanter Ufank August lafen d’Ausgruewungen elo. Si solle sech nach iwwert e puer Méint zéien.