
Fir de 50. Gebuertsdag vum Iwwerraschungsee huet sech de Schockelasproduzent ee ganz besonnesche Kaddo afale gelooss, dee sech a munch engem Ee verstoppt.
Verstoppt goufe ganz speziell kleng Figuren.
Wien am Ee eng gëlle Kinderino-Figur fënnt, dee kann e Wow-Moment fir d’ganz Famill am Wäert vu 5.000 Euro gewannen. Genee 50 där Figure goufe verstoppt a wann een eng fënnt an de Code op der Websäit agëtt, kann ee säin individuelle Wonsch erfëllt kréien.