Trotz Maskeflicht op de PhilippinnenGemengebeamte riskéiere 6 Méint Paie, wa si op der Aarbecht net laachen

RTL Lëtzebuerg
E Buergermeeschter op de Philippinnen zwéngt Beamten, de ganzen Zäit iwwer ze laachen, soss misste se am schlëmmste Fall op 6 Méint Salaire verzichten.

Dem Buergermeeschter Aristotle Aguirre no géifen d’Mataarbechter esou besser schaffen an och léiwer op d’Aarbecht kommen. Doriwwer eraus kéint hien esou wäertvoll Stëmme bei de Wieler fir déi nächst Wale sammelen. Den eenzege Problem bei der neier Richtlinn vum Aguirre ass, datt een op de Philippinnen nach eng Mask an den ëffentleche Gebaier muss unhunn. Deemno kéint et en bësse schwiereg ginn ze kontrolléieren, ob och wierklech jiddwer Mataarbechter déi ganzen Zäit laache géif.

Dem Aguirre no wier dat allerdéngs net esou schlëmm. Hie seet, datt d’Leit dat trotz Mask matkréie géifen, well dat schéinste Laache souwisou vu Bannen eraus géif kommen.

Back to Top
CIM LOGO