Folge vum Klimawandel an der SchwäizGletscher hunn tëscht 1931 an 2016 d'Hallschent vun hirem Volume verluer

RTL Lëtzebuerg
Vun 2016 un ass de Volume vun de Gletscher nach méi séier zeréckgaangen. Tëscht 2016 an 2022 ass de Volumen ëm weider zwielef Prozent geschrumpft.
© AFP/Archiv/Fabrice COFFRINI

Dës Donnéeë konnten déi technesch Héichschoul zu Zürech an déi Schwäizer Fuerschungsinstitutioun fir Bësch, Schnéi a Landschaft a enger Zesummenaarbecht erausfannen. Dobäi hu si d’Topographie vun de Gletscher bis an d’Joer 1931 rekonstruéiert. Fir dëst ze realiséiere hu si mat 21.700 historesche Biller vun de Gletscher geschafft.

De Réckgang vun de Gletscher wier alarméierend, seet de Fuerscher Erik Schytt Mannerfelt. Am beschte géif de Fieschergletscher de Réckgang vun de Gletscher weisen. Esou huet de Gletscher am Joer 1928 nach wéi en äisegt Mier ausgesinn, wougéint haut just nach zwee kleng wäiss Flecken um Gletscher ze gesi sinn.

Allerdéngs sinn d’Gletscher net ëmmer nëmme geschmolt. An den 1920er Joren, souwéi an den 1980er Jore si se esouguer méi grouss ginn. Mä dëst war net vu laanger Dauer.

Back to Top
CIM LOGO