Op ronn 22 HektarGratis Blummebouquete plécken zu Bartreng

RTL Lëtzebuerg
Zu Bartreng, méi genee op der Avenue de Luxembourg, beim Findelshaff, ginn et der souguer 5 Stéck, wou ee gratis Blummebouquete plécke kann.
Gratis Blummebouquete plécken zu Bartreng
D’Gemeng Bartreng investéiert all Joer fir d’Blummewisen z’erhalen an domat d’Natur an d‘Biodiversitéit op eng nohalteg Manéier ze fërderen.

Ween huet et nach net erlieft? Et brauch ee ganz séier ee Bouquet Blumme fir der Frëndin, der Mamm oder villäicht och der Schwéiermamm ze schenken, den nächste Fleurist ass awer ze wäit fort, huet säi Blummebuttek schonn zou oder ass einfach ze deier. Eng alternativ Léisung bidden d‘Blummewisen.

Sief et, fir Blummen ze plécken, e bëssen ze spadséieren, Fotoen ze knipsen oder einfach d’spektakulär Atmosphär ze genéissen. Zu Bartreng kann ee vu ronn 22 Hektar Blummewisen, verdeelt op fënnef Terrainen, profitéieren. Vun der Sonne- bis zur Réngelblumm. 18 verschidde Blummenzorte kann een hei bewonneren, richen a plécken. D’Gemeng Bartreng investéiert all Joer ronn 4.000 Euro, fir d’Blummewisen z’erhalen an domat d’Natur an d‘Biodiversitéit op eng nohalteg Manéier ze fërderen, wéi de Youri de Smet, Buergermeeschter vu Bartreng, erkläert.

“Mir haten eis do zesumme gesat, do wollte mir u sech de Leit, eise Bierger, eng Freed domadder maachen, wou si sech selwer hiren eegene Blummebouquet dann zesumme plécken. Dat ass u sech d‘Ausgangsiddi fir de Leit eeben eng Freed ze maachen.“

Dat ass hinne bis ewell och gelongen. Vu jonk bis al, sëlleg Virwëtzeger bleiwe bei de Felder stoen, fir en Ament matten an de Blummewisen ze genéissen. An der Reegel dierf een net einfach esou Blummen oder Planzen vun de Felder plécken. Zu Bartreng bei de Blummewisen weist awer ee Panneau explizitt drop hin, wou een sech däerf zerwéieren.

Back to Top
CIM LOGO