"Jurassic on the way to Enlightenment"Grouss Liichterausstellung zum Thema Dinosaurier zu Paräis

Philippe Dondelinger
An der franséischer Haaptstad hu sech laang ausgestuerwen Déiere breet gemaach.
"Jurassic on the way to Enlightenment" zu Paräis
Eng grouss Liichterausstellung zum Thema Dinosaurier.

Zu Paräis komme se esou lues och a Chrëschtdagsstëmmung. A fir dëst ze feieren , hu se d’Jurassic Period agelaut. Mat Dausende vun LED-Luuchte gëtt ee reegelrecht verzaubert an och an eng aner Welt bruecht: D’Welt vun den Dinosaurier an de Kreaturen aus de Mierer, déi viru Millioune vu Joren hei um Planéit gelieft hunn. Eng Kuliss , déi een esou nach net zu an der franséischer Haaptstad erlieft huet.

Back to Top
CIM LOGO