BrasilienHacker diffuséiere Pornoen um Fluchhafe Santos Dumont

RTL Lëtzebuerg
Passagéier hunn net schlecht gestaunt, wéi si zu Rio de Janeiro op hire Fluch gewaart hunn a wärenddeem vu pornographeschem Material ofgelenkt goufen.
© AFP

“Et gesäit sou aus, wéi wa vill Leit hire Fluch verpasst hätten”, huet ee User an de sozialen Netzwierker geschriwwen a sech lëschteg gemaach. Op de Publicitéit-Ecrane goufen nämlech e Freideg plëtzlech keng Reklamme méi ugewisen, mä Pornoen.

Iwwerdeems sech déi eng User iwwert de Virfall um Fluchhafe Santos Dumont ameséiert hunn, hu sech anerer schockéiert gewisen. “Wat e Manktem u Respekt! Stellt Iech Leit vir, déi mat hire Kanner reesen?”, huet sech zum Beispill ee beschwéiert.

Infraero, déi de Fluchhafe verwalten, hunn erkläert, dass just Publicitéit-Ecrane gehackt goufen. D’Bildschiermer mat Fluchinformatiounen drop wieren net betraff gewiescht. Weider hunn Infraero wësse gedoen, dass si eng Plainte bei der Police gemaach hätten. Soulaang nach Sécherheetsbedenke bestinn, wäerten d’Ecranen ausbleiwen.

Back to Top
CIM LOGO