
En Dënschdeg huet de Xavier Bettel eis gewisen, datt him kee Schong ze schued ass fir seng franséisch Frënn.
Bei der Inauguratioun vum P+R Thionville-Metzange huet de Premier missen zu aussergewéinleche Moossname gräifen, fir datt de franséische Fändel weider am Wand flitt. Fir d’Erëffnung vum Parking ze feieren huet de Xavier Bettel nämlech misse virum lëtzebuergeschen, franséischen an europäesche Fändel eng Ried halen, mee de franséische Fändel wollt einfach net hänke bleiwen. De Premier huet also keen anere Wee gesinn, wéi säi Schong an en Hummer ze transforméieren.
De Parking, deen elo offiziell ageweit gouf, soll et de Frontaliere méi einfach maachen, op Lëtzebuerg ze kommen. Dëst entweeder mat Carsharing oder Busser, déi e puer Destinatiounen zu Lëtzebuerg desservéieren. Et ass deen éischte grousse Schrëtt, déi franséisch A31 z’entlaaschten an eng méi ekologesch Solutioun fir d’Grenzgänger ze fannen. De Grand-Duché huet 2,9 Milliounen an de Parking investéiert. Am ganzen huet en der 6,3 Millioune kascht.
Fir dës Initiativ huet de Bettel also net gezéckt, op d’Knéien ze goen an de Nol perséinlech mat sengem Schong am Fändel ze befestegen. Net all Schong ka soen, en huet a sengem Liewen sou eng wichteg Roll gespillt!
