"RTL - Nieft der Plakk" - Summereditioun Haut op Maria Himmelfaart gëtt et um Radio mat Ärer Musek méi speziell

RTL Lëtzebuerg
Vun 13 bis um 19 Auer iwwerhuelen de Laurent Gillander a Jules Serrig haut d’Antenn, fir eng Radioshow, déi komplett nieft der Plack ass.
© RTL Grafik

Haut lafen déi verrécktst, krommst a witzegst Lidder, déi een net all Dag am Radio héiert. Vu Schlager, iwwer Pop, bis bei aussergewéinlech Klassiker a richteg witzeg Songs. An dat Bescht: Dir selwer hutt d’Playlist dës Kéier bestëmmt! Lauschtert bei eis um Radio eran oder och digital.

"RTL - Nieft der Plakk*": Op Maria Himmelfaart vun 13 bis 19 Auer mat villen Iwwerraschung, Musek a gutt Laun.

*Op dësem Dag ass net just d'Musek nieft der "Plakk", ma och d'Grammatik vun dësem Wuert huet eng kleng ofkritt.

Back to Top
CIM LOGO