Am Chapiteau um GlacisHéijen Niveau um Lëtzebuerger Zirkusfestival

Loïc Juchem
Lëtzebuerg soll als Plaz fir déi international Zirkuswelt etabléiert ginn.

Wat fir Sportler d’Olympesch Spiller sinn, ass fir Zirkusartisten de Festival vu Monte-Carlo. Zu Lëtzebuerg ass ee vun dësem Niveau nach e gutt Stéck ewech, mee mam neie Festival am Chapiteau um Glacis kënnt een ëm e bësse méi no.

D’Organisatrice a Direktesch vum Cirque du Lux, Bianca Renz, wëll d’Land als Plaz fir déi international Zirkuswelt etabléieren an dat mat engem professionellen a kompetitive Kader.

Am Chapiteau um Glacis: Héijen Niveau um Lëtzebuerger Zirkusfestival
Lëtzebuerg soll als Plaz fir déi international Zirkuswelt etabléiert ginn.

D’Nummeren, déi um Festival presentéiert ginn, gi mat engem Punktesystem bewäert. Eng Rei vun deene Performancë sinn an de kommende Wochen och Deel vum Adventszirkus zu Lëtzebuerg, mee verschidde grouss Stare sinn exklusiv fir de Concours ugereest. Eng fënnefkäppeg Jury, mat Leit aus der Branch, wéi Zirkusdirekteren a fréier Gewënner vu Monte-Carlo, analyséieren all Detail vun den Acts.

Um Enn vum Owend goufen déi bescht Artisten ausgezeechent. Et goufen eng Rëtsch Präisser, vu Bronz iwwer Sëlwer bis Gold. Mat Gold ausgezeechent gouf d’Kevin-Richter-Trupp aus Ungarn, déi mat akrobateschem Turnen de Jury iwwerzeegt huet. Gold gouf et awer och fir d’Martinez Brothers, déi an der Zirkuswelt scho laang en Numm hunn: si hunn esouguer schonn de gëllene Clown vu Monte-Carlo gewonnen, de prestigiéiste Präis an dëser Branche.

E puer Nummere vum Festival sinn nach an de nächste Wochen um Glacis ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO