
D’Hillary Clinton huet e Sonndeg op Twitter e Bild verëffentlecht, op deem ze gesinn ass, wéi déi fréier US-Ausseministesch am Joer 2012 am kolumbianesche Cartagena danzt. Ënnert dem Bild huet si dunn d’Sanna Marin markéiert an hir geschriwwen, datt si net ophale soll mat danzen.
D’Sanna Marin huet direkt op den Tweet vum Hillary Clitnon reagéiert a Merci fir d’Ënnerstëtzung gesot.