
Ënner anerem war hie Minister fir Loftfaart, Chef vun der däitscher Wirtschaft an hat de Kommando iwwer d’Loftwaff. A sengem fréieren Haus hunn Hobby-Fuerscher elo fënnef Skeletter fonnt.
D’Gebai, wat si duerchsicht hunn, steet um fréieren Nazi-Haaptquartéier Wolfsschanze bei Gierloz a Polen. U sech gëllt d’Regioun awer als “gutt erfuerscht”, schreift dat däitscht Magasinn “Spiegel”. An trotzdeem hunn d’Hobby-Fuerscher beim Duerchsiche vun der aler Ruin fënnef Skeletter ënnert engem Holzbuedem am Haus fonnt. Bei de mënschlechen Iwwerreschter soll et sech ëm dräi Erwuessener, ee Kand an ee Puppelchen handelen.