
Am Ganze goufen 18 Restauranten an deem mëttelamerikanesche Land mat engem oder zwee Michelinsstären ausgezeechent. Dorënner och een, bei deem een op den éischte Bléck, net denke géif, dass e Stärekichen zerwéiert. Den “El Califa de Léon” zu Mexiko-City ass eigentlech nëmmen e Comptoire hannert deem eng Kichen ass, a wou ee säin Iessen am Stoe muss zou sech huelen.
D’Iess-Bud ass op 4 verschidden Zorten Tacoe spezialiséiert. Ma dës sinn esou gutt, dass d’Juge vum Guide Michelin hir dofir ee vun de berüümte Stäre ginn hunn. Besonnesch de sougenannte Gaonera-Taco schéngt den Experten et ugedoen ze hunn. De Rëndsfilet wier fachmännesch zoubereet an a Kombinatioun mat der Tortilla aus Mais perfekt, heescht et um Internetsite vum Guide Michelin.
Op d’Fro, wat d’Geheimnis vu sengem Fleesch wier, huet de Mario Hernándéz, deen de Restaurant an zweeter Generatioun féiert, iwweregens geäntwert, dass et keent géif ginn. Hie géif säin Iessen einfach mat Léift a Méi preparéieren.