Bis op Weideres fir Touriste gespaartIguazú-Wasserfäll hunn 10 Mol esou vill Waasser wéi soss

RTL Lëtzebuerg
D'Iguazú-Wasserfäll leien un der Grenz tëscht Brasilien an Argentinien. D'Touristen-Attraktioun gouf e Mëttwoch wéinst héije Waasserquantitéite gespaart.
© AFP Archivbild

Wéi e Porte-parole vum Nationalpark matgedeelt huet, féieren d’Waasserfäll 10 Mol méi Waasser wéi normalerweis. Amplaz de soss 1,5 Millioune Liter Waasser pro Sekonn, fléissen der zanter e Mëttwoch den Owend 14,5 Millioune pro Sekonn erof.

Déi grouss Waasserquantitéiten hunn dozou gefouert, dass d’Passerelle fir Touristen op der brasilianescher Säit huet misse gespaart ginn. Deemno kommen d’Leit bis op Weideres net méi bei déi berüümten Däiwelsschlucht, d’Haapattraktioun do.

Et hat ongewéinlech vill gereent an der lescht am südbrasilianesche Bundesstaat Paraná, sou de Porte-parole géintiwwer der AFP. Wéi den Zivilschutz matgedeelt hat, ware 24 Gemenge vun Iwwerschwemmunge betraff. Bal 400 Haiser goufe beschiedegt an iwwer 1.200 Mënschen hu keen Daach méi iwwert dem Kapp.

En Dënschdeg war d’Passerelle op der argentinescher Säit wéinst de Waassermasse vum Iguazú-Floss schonn zougemaach ginn.

D’Iguazú-Waasserfäll bestinn aus 275 Waasserfäll, vun deenen der e puer iwwer 80 Meter héich sinn. Si zielen zum Unesco-Weltierwen.

Back to Top
CIM LOGO