
Mam Ausfëlle vum Stëmmziedel huet de Mahant Haridas Udaseen en Dënschdeg am indesche Banej fir eng Walbedeelegung vun 100 Prozent gesuergt. Hien ass nämlech déi eenzeg Persoun, déi wielen dierf, an dat wäit a breet.
Benevolle waren duerch de Bësch vu Gir am Weste vum Land getrëppelt, fir e Walbüro opzeriichten. “Datt en Team vun 10 Leit fir nëmmen ee Wieler heihin an den Dschungel komm ass weist, wéi wichteg all Stëmm ass”, esou de Mënch. “Dat weist d’Muecht vun der Demokratie a suergt dofir, datt ech mir wéi dee wichtegste Mënsch op der Welt virkommen.”
Dem indesche Gesetz no dierf kee vun deenen 968 Millioune Wieler e Wee vun iwwer zwee Kilometer mussen zeréckleeën, fir wielen ze goen. Am Fall vum Udaseen huet dat mat sech bruecht, datt d’Benevolle méi wéi zwee Deeg mam Bus ënnerwee waren, fir dofir ze suergen, datt de Mann wiele kann.
Den Usadeen huet seng Stëmm en Dënschdegmëtteg ofginn. Offiziell hat de Walbüro awer scho vu 7 Auer un op an huet nach misse bis owes opbleiwen.