
Wéi den indonesesche Staatschef Joko Widodo bei engem Treffe mam FIFA-President Gianni Infantino sot, soll de Stadion ofgerappt ginn, fir datt en no FIFA-Standarden nees opgebaut ka ginn. E soll domat fir Spiller a Spectateure méi sécher gemaach ginn.
Den 1. Oktober koum et am Kanjuruhan-Stadion an der Stad Malang op der indonesescher Insel Java zu enger Massepanik mat 133 Doudesaffer. Ënnert den Doudege waren och 40 Kanner.
D’Police hat Tréinegas géint d’Supportere vun der lokaler Ekipp agesat, nodeems dës wéinst enger Néierlag vun hirer Ekipp d’Spillfeld gestiermt haten. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, huet den Asaz vum Tréinegas wuel och d’Massepanik ausgeléist.
D’Leit hu probéiert aus dem Stadion ze flüchten, duerch d’Entréesdieren hunn allerdéngs ëmmer nëmme jeeweils zwou Persoune gepasst.